Traditionellen Chrëschtconcert

E Sonnden, den 10 Dezember 2017 huet d’Trëntenger Musek op hiren traditionelle Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch invitéiert.

Dëst Joer war de Concert an Zesummenaarbecht mat der Chorale Lidderfrënn vu Monnerech. De Concert huet ugefaange mam Stéck Silver Bells, gespillt vun der Trëntenger Musek. Duerno huet d’Chorale mat e puer Stécker fir eng flott Chrëschtdagsstëmmung gesuergt. Uschléissend huet den Orchester nach e puer Stécker gespillt. Zum Schluss vum Concert ass d’Trëntenger Musek dunn gesanglesch vun der Chorale Lidderfrënn begleet ginn.

Och dëst Joer woussten d’Musikanten an d’Sänger mat engem ofwiesslungsräiche Programm d’Publikum ze begeeschteren.

D' musikalesch Leedung vum Orchester stoung ënnert dem Agnese Nikolovska an d’Leedung vun der Chorale ënnert dem Nadine Kleman. Duerch de Programm huet de Christian Greisch gefouert.

Am Kader vun dësem Concert, krut d’Yasmine Mathias och nach seng Medaile fir 10 Joer an der Musek iwwerreecht.

Als Ofschloss vun dësem Owend huet d’Trëntenger Musek nach op ee Patt Glühwäin an e Stéck Stollen invitéiert.

D’Quête vum Schluss vum Concert ass dëst Joer un d’Fondation Luxembourg - El Salvador gaangen. Merci fir déi generéis Don’en.

(Text: Marc Schumacher; Fotoen: Steve Hopp)