Prouwenstage

Vum 20. bis den 22. Abrëll 2018 hat d’Trëntenger Musek e Prouwestage an der Jugendherberg zu Prüm. Ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Jérôme Theis, haten déi jonk a manner jonk Musikantinnen a Musikanten vun deem Weekend profitéiert, fir d’Stécker vum Gala-Concert intensiv ze prouwen. Nieft de musikaleschen Aktivitéite blouf awer och nach genuch Zäit fir e puer gemittlech Stonnen zesummen ze verbréngen.