Lëtzebuerger Owend

Mir invitéiere Samschdes, den 22. November op deen éischte Lëtzebuerger Owend vun. der Trëntenger Musek mat hausgemaachtem Lëtzebuerger Kascht zu Bous an de Sport- a Kulturzenter. Reservéiert elo äre Menüop musek@trentengermusek.org oder um 621 678 093.

Galaconcert 2022

No zwee Joer Paus, hu mir déi grouss Freed Iech op eise Galaconcert Sonndes, den 15. Mee um 17.00 Auer op Waldbriedemes an de Centre Culturel Jos Rennel ze invitéieren. Dëst Joer steet de Concert ënnert dem Motto „Queesch duerch de Gaart“. D’musikalesch Leedung huet de Jérôme Theis. Fir den Duscht an ee klengen Maufel …

NEIEGKEETEN / INFORMATIONS

      Léif Frënn vun der Trëntenger Musek,Mir wëllen Iech matdeelen, dass et eis duerch déi aktuell Situatioun vum Confinement, dëst Joer leider net méiglech ass, fir de Galaconcert, deen den 13. Juni 2020 zu Waldbriedemes geplangt war, kënnen ze spillen.  Desweideren dierfe mir dëst Joer och net déi 75. Editioun vun eisem traditonelle Kiischtefest, …

Fueskniet: Mir hunn de Maximum u Bestellungen erreecht a kenne leider keng Bestellunge méi unhuelen!

Mir sinn um Maximum vun eise Bestellungen ukomm a kenne leider keng Bestellunge méi unhuelen!! Dir kennt Iech gäre beim Hoss Fernand um 621 141 657 mëllen, oder eis eng Email mat ärer Telefonsnummer maachen, fir op eng Waardelëscht ze kommen. Merci

Eieremember vun der Trëntenger Musek

Léif Frënn vun der Trëntenger Musek, Fir dass mir och weiderhin e flotte Programm fir Iech op d‘ Been kënne stellen an d‘ Jugendaarbecht bei eis am Veräi fuerdere kënnen, géife mir eis iwwert Är Ënnerstëtzung ganz besonnesch freeën. Wann Dir d’ Trëntenger Musek wëllt finanziell ënnerstëtzen, kënnt Dir bei eis Éieremember ginn. Nom Iwwerweise vu minimum 6€ oder …