Léif Frënn vun der Trëntenger Musek,
Mir wëllen Iech matdeelen, dass et eis duerch déi aktuell Situatioun vum Confinement, dëst Joer leider net méiglech ass, fir de Galaconcert, deen den 13. Juni 2020 zu Waldbriedemes geplangt war, kënnen ze spillen.
Desweideren dierfe mir dëst Joer och net déi 75. Editioun vun eisem traditonelle Kiischtefest, de 5. Juli 2020 zu Trënteng, mat Iech zesumme feieren.
Fir dass Dir dëst Joer awer net op eis Kiischteprodukter verzichte musst, hutt Dir d‘ Méiglechkeet eng Auswiel vu Kiischteprodukter bei eis ze bestellen.
Méi Informatioune fannt Dir hei.
Mir invitéieren Iech elo schonn häerzlech, fir d‘ nächst Joer de 4. Juli 2021 mat eis zesummen déi 75. Editioun vun eisem Kiischtefest kënnen ze feieren.
Mir wënschen Iech eng gutt Gesondheet a soe Merci fir Är Ënnerstëtzung.
De Comité an d‘Musikanten vun der Trëntenger Musek
Chers amis de la Trëntenger Musek,
Nous tenons à vous informer qu‘en raison de la situation actuelle, nous ne pouvons malheureusement pas jouer notre concert de gala comme d‘habitude. Le concert aurait dû avoir lieu le 13 juin 2020.
En outre, cette année, nous ne sommes pas autorisés à organiser la 75e édition de notre „Kiischtefest“ comme prévu.
Toutefois, pour que vous ne deviez pas non plus vous abstenir de nos produits à la cerise cette année, nous vous proposons de les commander chez nous. Vous trouverez de plus amples informations ici.
Nous vous invitons déjà maintenant à venir célébrer la 75e édition de notre Kiischtefest avec nous l‘année prochaine, le 4 juillet 2021.
Nous vous souhaitons une bonne santé et vous remercions dès à présent pour votre soutien.
Le conseil d‘administration et les musiciens de la Trëntenger Musek