Chrëschtconcert 2020

Chrëschtconcert ofgesot

      Léif Frënn vun der Trëntenger Musek,

Duerch déi aktuell Situatioun ass et eis leider net méiglech dëst Joer eisen traditionelle Chrëschtconcert, den 13. Dezember an der Trëntenger Kierch ze spillen an Iech esou a Chrëschtstëmmung ze versetzen.

Fir dass Dir dëst Joer awer net ganz op eis verzichte musst, hu mir op eisem Internetsite ee klenge Programm mat verschiddene Stécker vun eise leschte Chrëschtconcert‘en fir Iech zesummegestallt. Esou hutt Dir d‘Méiglechkeet Iech awer mat der Trëntenger Musek a Chrëschtstëmmung versetzen ze loossen. Dofir huelt Iech ee Moment Zäit, leet Iech zréck, a genéisst eis Musek bei engem Gliesschen Glühwäin an engem Stéck Stollen.

Mir hoffen, dass mir Iech am spéide Fréijoer erëm op engem vun eise Concert‘en begréisse kënnen. 

Mir wënschen Iech elo scho schéin a besënnlech Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an d'Joer 2021, mat beschter Gesondheet.

D'Musikanten an de Comité vun der Trëntenger Musek


    Chers amis de la fanfare de Trintange, 

En raison de la situation actuelle, il n‘est malheureusement pas possible de jouer notre traditionnel concert de Noël, le 13 décembre à l‘église de Trintange et de vous mettre ainsi dans l‘ambiance de Noël. 

Pour que vous ne deviez pas vous passer complètement de nous vers la fin de l‘année, nous avons rassemblé sur notre site internet une sélection de pièces de musique de nos concerts de Noël passés. 

Nous espérons vous accueillir à nouveau à la fin du printemps lors d‘un de nos concerts. Restez tous en bonne santé ! 

Nous vous souhaitons un joyeux Noël et une année 2021 heureuse et saine.

Les musiciens et le conseil d'administration de la fanfare de Trintange