Kiischtentrëppler

Kiischtentrëppler Trënteng

Am Joer 1990 huet sech an der Trëntenger Musek ënnert dem Impuls vum René Glodt a René Airoldi, Musikanten a Marscheuren, eng Wandersektioun gebillt. Well mir jo am Kiischtendall sinn, war den Numm „Kiischtentrëppler“ och séier fonnt. Den 1. Internationale Marsch war de 27. Abrëll 1991 zu Waldbriedemes am Centre Culturel Jos Rennel. Vum Joer 1992 un, sinn all Joer 2 Märsch organiséiert ginn. No ufänglecher Euphorie besteet d‘Marschsektioun haut aus ongeféier 20 Memberen, wouvun der ca. 12-15 reegelméisseg wandere ginn. Dës Membere kënnen awer och un deenen aneren Aktivitéiten, Ausflich a Feiere vun der Musek deelhuelen. Well d‘Trëntenger Musek zënter 1945 e Kiischtefest organiséiert huet, ass de Sonndesmarsch an d‘Kiischtefest intégréiert ginn. Am Contraire zu villen anere Märsch, gëtt vill Animatioun gebueden. Déi éischt Jore war Samschdes nach e Bal am Festzelt mat verschiddenen Orchesteren. Fir awer moies um 7.00 Auer schonn erëm prett ze sinn, sinn Nuetsschichten ageluet ginn fir ze botzen. Vun 2004 un, ass nom Amenagement vun der Duerfplaz bei der Gemeng, de Marsch an d‘Kiischtefest als „Open Air“ organiséiert ginn. Fir zu Trënteng Strecken ze fannen, déi net direkt biergop ginn, ass bal onméiglechh, well mir vun 3 Säite vu Bierger ëmgi sinn, sou dass et bal ni een einfache Marsch ass. No villem Sichen, fanne mir dann och 5 Kilometerstrecke mat Rondgang, dee Poussetten- oder Rollstullgerecht ass. Um Kiischtefestsmarsch hu mir bis 900 Leit déi deelhuelen. Den 2. Joresmarsch dee mir organiséieren ass Samschdes am September-Oktober zu Bous an der Sportshal. Do hu mir jee no Wierder zwëschen 300 a 500 Participanten. Niewent dësen 2 Wanderungen ass eise Veräin awer zënter 2012 och zoustänneg fir 2 Permanentwanderweeën zu Réimech an zu Rëmerschen.

Mir soen allen Wanderer, déi äis an all deene Joren ënnerstëtzt hunn villmools Merci. Wann Dir Loscht hutt, wanderen ze goen an eisem schéine Kiischtendall an an engem Veräin aktiv ze ginn, da mellt Iech. Mir si frou fir all neie Wanderer.