De Veräin

 

Gesicht vun der Trëntenger Musek

D’Grënnung vun der Trëntenger Musek get op eng Grupp jonk Leit zreck, déi sech am Joer 1945 enert dem Numm „Theaterfrënn Spass an Eescht“ zesummengeschloss hun fir d’Jugend an d’kulturell Liewen am Duerf opliewen ze loossen. Enner denen „Theaterfrënn“ waren och Museker, déi sech en Intrument kaft hun fir bei festleche Geleegenheeten domat ze spillen.

Den éischten musikaleschn Optrëtt vun den „Theaterfrënn“ war am Mee 1945 op enger Hochzäit. Durno, am Juni 1945 hun si um Kiischtefest am Café Schweitzer Danzmusek gespillt.

Uschléissend hun d’“Theatrefrënn“ als éischt op der Hierschtkiermes am Dall den Hämmelsmarsch geblosen an dono, op Invitatioun vum Buergermeeschter Auguste Kayl, och zu Waldbriedemes.

Beim Kiischtefest 1946 ass vun engem Vierstandsmember d’Fro gestallt gin: „Fir wat laft der als wëll Musikanten dorëmmer? Grënd dach eng uerdentlech Musek!“ Dorober as dann den 24. Juli 1946 d’Grënnungsversammlung vun der „Fanfare de Trintange“ ofgehallen gin. Si waren zu 34 Memberen déi fir eng Musek waren .

Den éischte Dirigent war den Här René Schmit vun Ierseng.

Den Grënnungs Comité huet sech zesummengesat aus dem:.

President:

Vize-President:

Sekretär:

Keessier:

Memberen:

Jos Goedert

René Schmit

Jos Glodt

Emile Ehlinger

Constant Knepper
Justin Molling

Chronik