Cäcilienfeier zu Trënteng

E Sonnden, den 19. November 2017 war d’ Cäcilienfeier, wou  d’Duelemer, Greiweldenger an d’Trëntenger  Musek  sech zesummefonnt hunn, fir  dëse besonneschen Dag, dëst Joer zesummen zu Trënteng an der Salle polyvanelnte ze feieren.  Den Dag stoung ënnert dem Patronnage vun deene 4 Museksschoulen aus de Gemenge Bous, Duelem, Stadtbriedemes a Waldbriedemes, sou wéi der Museksschoul vun der UGDA.

D’Feier huet ugefaange mat engem Optrëtt vun de Schüler a Schülerinnen aus der Initiation à la musique. Duerno ass et mat engem Stéck, wat zesumme vun de jonke Musikanten aus der Fanfare Duelem, der Greiweldenger an der Trëntenger Musek gespillt gouf weidergaangen. Uschléissend hunn d’Solfègeschüler den Orchester gesanglesch begleet. D ‘musikalesch Leedung stoung ënnert dem Ben Seil.

Am Kader vun dëser klenger Feier war och d’Diplomiwwerreechung, wou d’Buergermeeschteren an d’Gemengevertrieder vun deene jeeweilege Gemengen zesumme mat der Presidentin vun der UGDA, der Madame Martine Deprez, Diplomer un verdéngschtvoll Schüler a Musikante konnten iwwerreechen.

Zum Schluss vun der Feier huet d’Gemeng Waldbriedemes nach op en Éierepatt mat Schnittercher invitéiert.

(Text: Marc Schumacher; Fotoen: Steve Hopp)