Kategorie: News/Manifestatioun
Kiischtefest 2021
Bestellen – Bestellen Sie – Commandez – Order LU: Och 2021 fënnt eist traditionellt Kiischtefest net wéi gewinnt statt. Mee dëst Joer freeën mir eis awer drop, nees fir Iech kënnen ze kachen an ze baken. Nieft de Kiischteprodukter, kënnt Dir nämlech dëst Joer och nees eis beléifte Kiischtentaarte genéissen oder ee Menü bestellen, fir doheem …
Chrëschtconcert 2020
Chrëschtconcert ofgesot Léif Frënn vun der Trëntenger Musek, Duerch déi aktuell Situatioun ass et eis leider net méiglech dëst Joer eisen traditionelle Chrëschtconcert, den 13. Dezember an der Trëntenger Kierch ze spillen an Iech esou a Chrëschtstëmmung ze versetzen. Fir dass Dir dëst Joer awer net ganz op eis verzichte musst, hu mir …
NEIEGKEETEN / INFORMATIONS
Léif Frënn vun der Trëntenger Musek,Mir wëllen Iech matdeelen, dass et eis duerch déi aktuell Situatioun vum Confinement, dëst Joer leider net méiglech ass, fir de Galaconcert, deen den 13. Juni 2020 zu Waldbriedemes geplangt war, kënnen ze spillen. Desweideren dierfe mir dëst Joer och net déi 75. Editioun vun eisem traditonelle Kiischtefest, …
Chrëschtconcert, den 8. Dezember 2019
D’Trëntenger Musek invitéiert Sonndes, den 8. Dezember 2019 um 17.00 Auer op hire traditionellen Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch. D’Trëntenger Musek geet dëst Joer un „Pfr Jey – Waisenkiner (Indien)“ Mir freeën eis Iech den 8. Dezember zu Trënteng an der Kierch begréissen ze kënnen, a wënschen Iech elo scho schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch …
74. Kiischtefest zu Trënteng
D’Trëntenger Musek an d’Trëntenger Kiischtentrëppler invitéieren e Sonnden, den 7. Juli op d’Kiischtefest zu Trënteng op der Duerfplaz. Hei ass de Programm vum Kiischtefest 2019: Hei e puer Andréck vun 2018: Hei fann Dir eis komplett Broschür Download vun der Broschür
The greatest show – Galaconcert, den 8. Juni 2019
D’Trëntenger Musek invitéiert e Samschden, den 8. Juni 2019 um 20.00 Auer op hire Galaconcert zu Waldbriedemes am Veräinsbau. Dëst Joer steet de Concert ënnert dem Thema „The greatest show“. De Concert steet ënnert der musikalescher Leedung vum Jérôme Theis.
Fueskniet: Mir hunn de Maximum u Bestellungen erreecht a kenne leider keng Bestellunge méi unhuelen!
Mir sinn um Maximum vun eise Bestellungen ukomm a kenne leider keng Bestellunge méi unhuelen!! Dir kennt Iech gäre beim Hoss Fernand um 621 141 657 mëllen, oder eis eng Email mat ärer Telefonsnummer maachen, fir op eng Waardelëscht ze kommen. Merci
Chrëschtconcert, den 10. Dezember 2017
D’Trëntenger Musek invitéiert Sonndes, den 10. Dezember 2017 um 17.00 Auer op hire traditionellen Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch. Dëst Joer ass de Concert zesummen mat der Chorale Lidderfrënn vun Monnerech. D’Trëntenger Musek steet ënnert der Leedung vum Agnese Nikolovska an de Chouer ënnert der Leedung vum Nadine Kleman. De Christian Greisch féiert duerch de …
Resultater Nuetsrallye 2017
Hei sinn d’Resultater vun eisem Nuetsrallye, vum 16. September 2017 zu Waldbriedemes: Angry Gods mat 1142,5 Punkten The Walking Nerds mat 1113 Punkten 81 mat 1029 Punkten Kräitzbidden mat 1021,5 Punkten Nëmme Mëller mat 947 Punkten Ouni Numm mat 894 Punkten Plakeg Tomaten mat 810 Punkten Wäiss + Schwaarz mat 575,5 Punkten