De 27. Januar baken mir Fueskniet

De 27. Januar 2024 bake mir nees eis traditionell Fueskniet aus Hiefdeeg zu Waldbriedemes am Centre Culturel. Mir freeën eis elo schon op äer Bestellung. Begrenzte Quantitéit, dofir bestellt elo direkt är Fuesend per Mail op musek@trentengermusek.org oder um 621 678 093 (SMS/Whatsapp) Download gum Flyer

76. Kiischtefest den 2. Juli 2023

Mir sinn frou, Iech dëst Joer erëm op eist traditionellt Kiischtefest zu Trënteng ze invitéieren.  Wéi d‘ Traditioun et sou wëllt, fënnt dëst Joer nees den 1. Sonndeg am Juli eist Kiischtefest am Trëntenger Kiischtendall statt. Den 2. Juli hu mir fir Jonk an Al ee flotte Programm zesummegestallt: mat traditionelle Kiischteproduit‘en, eppes fir den Honger …

Galaconcert den 13. Mee 2023

Mir sinn frou Iech op eise Galaconcert Samschdes, den 13. Mee um 20.00 Auer op Waldbriedemes an de Centre Culturel Jos Rennel ze invitéieren.  Nodeems Dir op eisem lëschten Chrëschtconcert konnt aus enger Rei Stécker  wielen, déi Dir dëst Joer op eisem Galaconcert wëllt héieren,   steet de Concert dëst Joer ënnert dem Motto „Wonschconcert“.D’musikalesch Leedung …

Chrëschtconcert

Mir hunn den Datum vun eisem Concert missen upassen. De Concert ass vum 11. Dezember op den 18. Dezember verluet ginn. D’Trëntenger Musek invitéiert op hire Chrëschtconcert den 18. Dezember 2022 um 17.00 Auer am Veräinsbau Jos Rennel zu Waldbriedemes. D’musiklaesch Leedung seet wli gewinnt ënner der Leedung vum Jérôme Theis. Nom Concert offréiere mir …

Chrëschtconcert, den 8. Dezember 2019

D’Trëntenger Musek invitéiert Sonndes, den 8. Dezember 2019 um 17.00 Auer op hire traditionellen Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch. D’Trëntenger Musek geet dëst Joer un „Pfr Jey – Waisenkiner (Indien)“ Mir freeën eis Iech den 8. Dezember zu Trënteng an der Kierch begréissen ze kënnen, a wënschen Iech elo scho schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch …

74. Kiischtefest zu Trënteng

D’Trëntenger Musek an d’Trëntenger Kiischtentrëppler invitéieren e Sonnden, den 7. Juli op d’Kiischtefest zu Trënteng op der Duerfplaz. Hei ass de Programm vum Kiischtefest 2019: Hei e puer Andréck vun 2018: Hei fann Dir eis komplett Broschür Download vun der Broschür