76. Kiischtefest den 2. Juli 2023

Mir sinn frou, Iech dëst Joer erëm op eist traditionellt Kiischtefest zu Trënteng ze invitéieren. 

Wéi d‘ Traditioun et sou wëllt, fënnt dëst Joer nees den 1. Sonndeg am Juli eist Kiischtefest am Trëntenger Kiischtendall statt. Den 2. Juli hu mir fir Jonk an Al ee flotte Programm zesummegestallt: mat traditionelle Kiischteproduit‘en, eppes fir den Honger an den Duuscht, souwéi de ganzen Dag iwwer flott Animatioun fir Grouss a Kleng, flotte live Concerten an engem Sprangschlass fir déi ganz Kleng.

Um 11.30 Auer spillt d'Féisenger Musek ee Concert Aperitif. Um 13.00 Auer hunn d'Schüler vun der Museksschoul vun der UGDA een Optrëtt. Um 16.00 Auer spillt d'Big Band Spectrum ee Concert.
Dëst Joer ganz nei: Erziel-Tipi: Eng Geschicht aus dem Kiischtendall. Hei kënnen jonk an all sech eng Geschicht aus dem Trëntenger Kiischtensall ulauschteren kommen.

No 20 Joer Kiischtentrëppler an domat engem IVV Wandermarsch den Dag vum Kiischtefest, ass 2022 och eng Ära op en Enn gaang. Dëst Joer wäert keng IVV-Wanderung am Kader vum Kiischtefest méi stattfannen.

Mir soen op dëser Plaz och eise Sponsore vum Kiischtefest 2023, an all de Léit déi ëmmer bereet sinn eis ze hëllefen ee ganz grousse Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung!