Galaconcert den 13. Mee 2023

Mir sinn frou Iech op eise Galaconcert Samschdes, den 13. Mee um 20.00 Auer op Waldbriedemes an de Centre Culturel Jos Rennel ze invitéieren. 
Nodeems Dir op eisem lëschten Chrëschtconcert konnt aus enger Rei Stécker  wielen, déi Dir dëst Joer op eisem Galaconcert wëllt héieren,   steet de Concert dëst Joer ënnert dem Motto "Wonschconcert".D'musikalesch Leedung huet steet wéi gewinnt ënnert dem Jérôme Theis.

Fir den Duscht an ee klengen Maufel ass gesuergt.

Den Entrée fir dëse Concert ass selbstverständech fräi.

Mir freeën eis Iech den 13. Mee op eisem Concert begréissen ze kënnen.