75. Kiischtefest den 3. Juli 2022 zu Trënteng

No zwee laange Joren, wou mir keen normaalt Kiischtefest konnte fir Iech op d‘ Been stellen, si mir ëmsou méi frou, Iech dëst Joer erëm op eist traditionellt Kiischtefest zu Trënteng ze invitéieren. 

Wéi d‘ Traditioun et sou wëllt, fënnt dëst Joer nees den 1. Sonndeg am Juli eist Kiischtefest am Trëntenger Kiischtendall statt. Den 3. Juli hu mir fir Jonk an Al ee flotte Programm zesummegestallt: mat traditionelle Kiischteproduit‘en, eppes fir den Honger an den Duuscht, souwéi de ganzen Dag iwwer flott Animatioun fir Grouss a Kleng, mat z.B. engem Wanderwee, flotte live Concerten an engem Sprangschlass fir déi ganz Kleng.

2022 kucke mir als Trëntenger Musek zréck op 75 Joer Kiischtefest zu Trënteng. Elleng schonn iwwer déi verschidden Zorte vu Kiischtefester kéint een e Buch schreiwen. Et gouf sech ëmmer nees eng nei afale gelooss fir d‘Leit aus dem Duerf an der Ëmgéigend an de Kiischtendall ze lackelen. Haut ass eist Fest bis wäit iwwer d‘ Grenze vun eiser schéiner Gemeng ewech bekannt. 

No 20 Joer Kiischtentrëppler an domat engem IVV Wandermarsch den Dag vum Kiischtefest, geet elo 2022 och eng Ära op en Enn. Dëst Joer wäert déi leschte Kéier am Kader vum Kiischtefest eng IVV-Wanderung stattfannen. Mee keng Suerg, fir d‘ nächst Joer wäerte mir mat neien Iwwerraschungen ee flott Kiischtefest op d'Been stellen, wou Dir Iech lo scho kennt drop freeën. 

Mir soen op dëser Plaz och eise Sponsore vum Kiischtefest 2022, an all de Léit déi ëmmer bereet sinn eis ze hëllefen ee ganz grousse Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung!