Chrëschtconcert 2023

D’Trëntenger Musek invitéiert Sonndes, den 10. Dezember um 17.00 Auer op hiren traditionelle Chrëschtconcert zu Trëntenger an der Kierch. De Concert steet wéi gewinnt ënnert der musikalescher Leedung vum Jérôme Theis. D’Quête nom Chrëschtconcert ass dëst Joer fir de Cent Buttek.

76. Kiischtefest den 2. Juli 2023

Mir sinn frou, Iech dëst Joer erëm op eist traditionellt Kiischtefest zu Trënteng ze invitéieren.  Wéi d‘ Traditioun et sou wëllt, fënnt dëst Joer nees den 1. Sonndeg am Juli eist Kiischtefest am Trëntenger Kiischtendall statt. Den 2. Juli hu mir fir Jonk an Al ee flotte Programm zesummegestallt: mat traditionelle Kiischteproduit‘en, eppes fir den Honger …

Galaconcert den 13. Mee 2023

Mir sinn frou Iech op eise Galaconcert Samschdes, den 13. Mee um 20.00 Auer op Waldbriedemes an de Centre Culturel Jos Rennel ze invitéieren.  Nodeems Dir op eisem lëschten Chrëschtconcert konnt aus enger Rei Stécker  wielen, déi Dir dëst Joer op eisem Galaconcert wëllt héieren,   steet de Concert dëst Joer ënnert dem Motto „Wonschconcert“.D’musikalesch Leedung …