77. Kiischtefest de 7. Juli 2024

Mir sinn frou, Iech dëst Joer erëm op eist traditionellt Kiischtefest zu Trënteng ze invitéieren. 

Wéi d‘ Traditioun et sou wëllt, fënnt dëst Joer nees den 1. Sonndeg am Juli eist Kiischtefest am Trëntenger Kiischtendall statt. De 7. Juli hu mir fir Jonk an Al ee flotte Programm zesummegestallt: mat traditionelle Kiischteproduit‘en, eppes fir den Honger an den Duuscht, souwéi de ganzen Dag iwwer flott Animatioun fir Grouss a Kleng, flotte live Concerten an engem Sprangschlass fir déi ganz Kleng.

Um 11.30 Auer spillt dHarmonie des jeunes "Prince guillaume" Déifferdéng ee Concert Aperitif. Um 13.30 Auer hunn d'Schüler vun der Museksschoul vun der UGDA een Optrëtt. Um 15.30 Auer spillt d'Big Band Memory ee Concert.

Mir soen op dëser Plaz och eise Sponsore vum Kiischtefest 2024, an all de Léit déi ëmmer bereet sinn eis ze hëllefen ee ganz grousse Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung!

Eist 77. Kiischtefest fënnt dëst Joer ënner dem Label vum Green Event statt.
Mir als Veräin setzen eis fir eng nohalteg Organisatioun an, wou eis lokal Wirtschaft ënnerstëtzt gëtt an d’ Ëmweltbelaaschtungen sou kleng wéi méiglech gehale ginn.


Fir eist Event nach ee Stéck méi nohalteg ze maachen, hu mir dëst Joer e puer nei Mesuren en Place gesat:
• Mir verzichte komplett beim Iessen a Gedrénks op Eewee-Geschier a Plastiksbecheren
• Dir fannt bei eis eng ganz Rei lokal a regional Gedrénks, wéi z.B eis bekannte Miseler Wäiner a Cremant, sou wéi lëtzebuerger Limonaden a Cider
• Beim Iessen hu mir eng Auswiel u Fleesch vum lokale Metzler an och fir vegetaresch Alternativen ass gesuergt
• Eis traditionnell Kiischteproduit’en dierfen natirlech och net feelen. Dir kritt bei eis Kiischten aus der Regioun a lokal produzéiert Kiischtendrëppen, Likör an aner Spezialitéiten
• Denkt och un Är Ökotut fir den Transport vun Ären Akeef
• Den Offall gëtt bei eis getrennt a konform zu der Reglementatioun entsuergt
• Kommt zu Fouss oder mam Vëlo, bei eis um Site fannt Dir genuch Vëlosstänneren
• Ausserdeem kennt Dir ganz einfach mam ëffentlechen Transport bei eis kommen. De Busarrêt „Trënteng“ vun der Buslinn 411 befënnt
sech just e puer 100 Meter vum Site ewech


Hei fann Dir d‘ Horairen vun der Buslinn 411: https://www.mobiliteit.lu/wp-content/uploads/horaires-new/rgtr/411.pdf?v=20240626


Weider Informatiounen zu de Green Event‘s fann Dir ënnert www.greenevents.lu