Eieremember vun der Trëntenger Musek

Léif Frënn vun der Trëntenger Musek, Fir dass mir och weiderhin e flotte Programm fir Iech op d‘ Been kënne stellen an d‘ Jugendaarbecht bei eis am Veräi fuerdere kënnen, géife mir eis iwwert Är Ënnerstëtzung ganz besonnesch freeën. Wann Dir d’ Trëntenger Musek wëllt finanziell ënnerstëtzen, kënnt Dir bei eis Éieremember ginn. Nom Iwwerweise vu minimum 6€ oder …

Prouwenstage

Vum 20. bis den 22. Abrëll 2018 hat d’Trëntenger Musek e Prouwestage an der Jugendherberg zu Prüm. Ënnert der Leedung vun hirem Chef, dem Jérôme Theis, haten déi jonk a manner jonk Musikantinnen a Musikanten vun deem Weekend profitéiert, fir d’Stécker vum Gala-Concert intensiv ze prouwen. Nieft de musikaleschen Aktivitéite blouf awer och nach genuch …