Nuetsrallye

Nuetsrallye, den 16. September 2017 zu Waldbriedemes

D'Trëntenger Musek invitéiert e Samschden, den 16. September 2017 op hiren 1. Nuestrallye zu Waldbriedmes.

Départ ass tëschent 19.00 an 22.00 Auer zu Waldbriedemes beim Centre Culturel. D'Startgeld gëtt duerch een Spill ermëllet a léit tëschent 5 € an 8€. Am Start Geld ass een Gratis-Wupp mat abegraff.

Umellen kenn Dir Iech direkt hei op eisem Site oder per Mail un rallye@trentengermusek.org

72. Kiischtefest zu Trënteng

72. Kiischtefest zu Trënteng

Viru Kuerzem huet Trëntenger Musek dat 72. Kiischtefest, organiséiert. Wann och d’Fest mat der Zäit huet musse matgoen, ass awer de Grondgedanken fir am Kiischtendall d’Kiischt an de Mëttelpunkt vu engem Fest ze setzen, ëmmer bäibehale ginn. Scho fréi moies ier déi éischt Wanderer sech op de Wee vum IVV Marsch gemat hunn, hu fläisseg Dammen ugefaange déi traditionell Kiischtespéitztoarten (mat de Steng) op der Plaz ze baken. Spéider am Moien hunn sech d’Leit  em de Stand mat de Kiischten a Kiischteprodukter, Kiischtendrëpp, Liköer, Jus, Beschwipste Kiischten, Kiischte Balsam Esseg a Kiischtegebeess, gedréckt, fir déi verschidde Produkter ze schmaachen an ze keefen. Um kulturelle Programm stoung dëst Joer de Jumelage mat der tschechescher Gemeng vu Hrusky am Mëttelpunkt. Esou war eng Delegatioun aus där Gemeng, den tschecheschen Ambassadeur, eng tschechesch Museksgrupp an de Kannerchouer Melimelo cz-sk-lu zu Gaascht. D’Réiser Musek an als Ofschloss déi Lënster Musek  hunn déi vill Gäscht ënnerhalen. a vill Leit vun no a méi wéit ewech begeeschtert.

(Text: Fernand Hoss, Fotoen: Marc Schumacher)

Kiischtefest 2017