Traditionellen Chrëschtconcert

E Sonnden, den 10 Dezember 2017 huet d’Trëntenger Musek op hiren traditionelle Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch invitéiert. Dëst Joer war de Concert an Zesummenaarbecht mat der Chorale Lidderfrënn vu Monnerech. De Concert huet ugefaange mam Stéck Silver Bells, gespillt vun der Trëntenger Musek. Duerno huet d’Chorale mat e puer Stécker fir eng flott Chrëschtdagsstëmmung gesuergt. …

Cäcilienfeier zu Trënteng

E Sonnden, den 19. November 2017 war d’ Cäcilienfeier, wou  d’Duelemer, Greiweldenger an d’Trëntenger  Musek  sech zesummefonnt hunn, fir  dëse besonneschen Dag, dëst Joer zesummen zu Trënteng an der Salle polyvanelnte ze feieren.  Den Dag stoung ënnert dem Patronnage vun deene 4 Museksschoulen aus de Gemenge Bous, Duelem, Stadtbriedemes a Waldbriedemes, sou wéi der Museksschoul vun der UGDA. D’Feier huet ugefaange mat engem Optrëtt vun de Schüler …

Chrëschtconcert, den 10. Dezember 2017

D’Trëntenger Musek invitéiert Sonndes, den 10. Dezember 2017 um 17.00 Auer op hire traditionellen Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch. Dëst Joer ass de Concert zesummen mat der Chorale Lidderfrënn vun Monnerech. D’Trëntenger Musek steet ënnert der Leedung vum Agnese Nikolovska an de Chouer ënnert der Leedung vum Nadine Kleman. De Christian Greisch féiert duerch de …

Resultater Nuetsrallye 2017

Hei sinn d’Resultater vun eisem Nuetsrallye, vum 16. September 2017 zu Waldbriedemes: Angry Gods mat 1142,5 Punkten The Walking Nerds mat 1113 Punkten 81 mat 1029 Punkten Kräitzbidden mat 1021,5 Punkten Nëmme Mëller mat 947 Punkten Ouni Numm mat 894 Punkten Plakeg Tomaten mat 810 Punkten Wäiss + Schwaarz mat 575,5 Punkten

Nuetsrallye

Nuetsrallye, den 16. September 2017 zu Waldbriedemes

D'Trëntenger Musek invitéiert e Samschden, den 16. September 2017 op hiren 1. Nuestrallye zu Waldbriedmes.

Départ ass tëschent 19.00 an 22.00 Auer zu Waldbriedemes beim Centre Culturel. D'Startgeld gëtt duerch een Spill ermëllet a léit tëschent 5 € an 8€. Am Start Geld ass een Gratis-Wupp mat abegraff.

Umellen kenn Dir Iech direkt hei op eisem Site oder per Mail un rallye@trentengermusek.org

72. Kiischtefest zu Trënteng

72. Kiischtefest zu Trënteng

Viru Kuerzem huet Trëntenger Musek dat 72. Kiischtefest, organiséiert. Wann och d’Fest mat der Zäit huet musse matgoen, ass awer de Grondgedanken fir am Kiischtendall d’Kiischt an de Mëttelpunkt vu engem Fest ze setzen, ëmmer bäibehale ginn. Scho fréi moies ier déi éischt Wanderer sech op de Wee vum IVV Marsch gemat hunn, hu fläisseg Dammen ugefaange déi traditionell Kiischtespéitztoarten (mat de Steng) op der Plaz ze baken. Spéider am Moien hunn sech d’Leit  em de Stand mat de Kiischten a Kiischteprodukter, Kiischtendrëpp, Liköer, Jus, Beschwipste Kiischten, Kiischte Balsam Esseg a Kiischtegebeess, gedréckt, fir déi verschidde Produkter ze schmaachen an ze keefen. Um kulturelle Programm stoung dëst Joer de Jumelage mat der tschechescher Gemeng vu Hrusky am Mëttelpunkt. Esou war eng Delegatioun aus där Gemeng, den tschecheschen Ambassadeur, eng tschechesch Museksgrupp an de Kannerchouer Melimelo cz-sk-lu zu Gaascht. D’Réiser Musek an als Ofschloss déi Lënster Musek  hunn déi vill Gäscht ënnerhalen. a vill Leit vun no a méi wéit ewech begeeschtert.

(Text: Fernand Hoss, Fotoen: Marc Schumacher)

Kiischtefest 2017