Chrëschtconcert, den 8. Dezember 2019

D’Trëntenger Musek invitéiert Sonndes, den 8. Dezember 2019 um 17.00 Auer op hire traditionellen Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch. D’Trëntenger Musek geet dëst Joer un „Pfr Jey – Waisenkiner (Indien)“ Mir freeën eis Iech den 8. Dezember zu Trënteng an der Kierch begréissen ze kënnen, a wënschen Iech elo scho schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch …

74. Kiischtefest zu Trënteng

D’Trëntenger Musek an d’Trëntenger Kiischtentrëppler invitéieren e Sonnden, den 7. Juli op d’Kiischtefest zu Trënteng op der Duerfplaz. Hei ass de Programm vum Kiischtefest 2019: Hei e puer Andréck vun 2018: Hei fann Dir eis komplett Broschür Download vun der Broschür

Kannerfuesbal

D‘ Trëntenger Musek invitéiert Samschdes, den 2. Mäerz op de Kannerfuesbal zu Waldbriedemes am Centre Culturel. Ab 14.30 Auer ass fir Animatioun a flott Spiller fir déi Kleng gesuergt. Entrée: 3,00 €

Fueskniet: Mir hunn de Maximum u Bestellungen erreecht a kenne leider keng Bestellunge méi unhuelen!

Mir sinn um Maximum vun eise Bestellungen ukomm a kenne leider keng Bestellunge méi unhuelen!! Dir kennt Iech gäre beim Hoss Fernand um 621 141 657 mëllen, oder eis eng Email mat ärer Telefonsnummer maachen, fir op eng Waardelëscht ze kommen. Merci