Traditionellen Chrëschtconcert

E Sonnden, den 10 Dezember 2017 huet d’Trëntenger Musek op hiren traditionelle Chrëschtconcert zu Trënteng an der Kierch invitéiert. Dëst Joer war de Concert an Zesummenaarbecht mat der Chorale Lidderfrënn vu Monnerech. De Concert huet ugefaange mam Stéck Silver Bells, gespillt vun der Trëntenger Musek. Duerno huet d’Chorale mat e puer Stécker fir eng flott Chrëschtdagsstëmmung gesuergt. …

Cäcilienfeier zu Trënteng

E Sonnden, den 19. November 2017 war d’ Cäcilienfeier, wou  d’Duelemer, Greiweldenger an d’Trëntenger  Musek  sech zesummefonnt hunn, fir  dëse besonneschen Dag, dëst Joer zesummen zu Trënteng an der Salle polyvanelnte ze feieren.  Den Dag stoung ënnert dem Patronnage vun deene 4 Museksschoulen aus de Gemenge Bous, Duelem, Stadtbriedemes a Waldbriedemes, sou wéi der Museksschoul vun der UGDA. D’Feier huet ugefaange mat engem Optrëtt vun de Schüler …